Begrëffer

Depressioun

Eng Depressioun kann sech op vill Aart a Weise weisen. Et fillt een sech hoffnungslos, et verléiert een Interêt un Saachen di ee gär mécht an et huet ee keng Energie. Mee och Problemer mat der Konzentratioun an Appetitverloscht sinn heefeg. Aner Unzeeche sinn dass een irritéiert wierkt, beonrouegt ass, Kappwéi oder Schloofstéierungen huet.

Angschtzoustänn / Anxiety

Angschtzoustänn betreffen d’Gehir an deem Sënn dass Decisiounen engem schwéier falen a vill Situatioune schonn am Virfeld wei eng Gefor wierken, obwuel et kee Grond dozou gëtt. Mee och de Kierper weist eng staark Reaktioun andeems d’Häerz méi schnell klappt, et fänkt een un mat zidderen an schweesse an et fillt een sech wéi paralyséiert. Et tendéiert een dozou Situatiounen aus dem Wee ze goen, och wann et eng simpel Tâche ass, einfach well een d’Gefill huet et net hinzekréien. Außerdem besteet d’Tendenz, sech “banal” Situatioune vill ze oft duerch de Kapp goen ze loossen (“overthinking”) an sech déi schlëmmste Saachen auszedenken. De Kapp kennt guer net méi zur Rou an an dem Kontext entstinn och oft Schloofstéierungen.
 
 

The Spoon Theory written by Christine Miserandino



 
 
 
 
 
 
 
 
 
 

Art by Lotta Prints

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *