All Dag 8. Mäerz!

Fraestreik 2020
All Dag 8. Mäerz – Kapitalismus a Patriarchat ofschafen

Als Deel vun der Plattform JIF (Journée internationale des femmes) sti mir solidaresch mat alle Fraen weltwäit. De Fokus vum Fraestreik 2020 zu Lëtzebuerg läit op der Care-Arbecht, bezuelter Aarbecht am Fleegesecteur a net bezuelter Aarbecht wéi Hausaarbecht, d’Erzéie vu Kanner, d’Këmmeren em Familljememberen, déi zum Beispill krank oder behënnert sinn, déi oft net gutt remuneréiert oder iwwerhaapt net valoriséiert gëtt.

D’verstäerkt Optriede vun de Fraen um Aarbechtsmarché huet eis zwar zu méi finanzieller Onofhängegkeet verhollef, mee eng Duebelbelaaschtung bruecht: Lounaarbecht zousätzlech zur reproduktiver Aarbecht. Global gesinn ginn 75 Prozent vun onbezuelter Aarbecht vu Frae gemaach. D’Emanzipatioun duerf keng Belaaschtung sinn an dës, oft net siichtbar Aarbecht, muss unerkannt a valoriséiert ginn, genau esou wéi gewënnbréngend Aarbecht. Ouni reproduktiv Aarbecht, di ​​​virun allem vu Frae gemaach gëtt, géif eis Gesellschaft net fonctionéieren an dës Aarbecht muss gerecht opgedeelt ginn!​​​​​​​

Ausserdeem ënnerstëtze mir den Opruff un d’Regierung, Statistiken esou ze erfaassen, datt Diskriminatiounen an Ënnerscheeder siichtbar gemaach ginn mat sougenanntem geschlechtsspezifeschen Daten [gender-sensitive data] a mer sou dem Gender Data Gap entgéintwierken kënnen. Ob an der Sproch, der Wëssenschaft, Konscht oder Literatur: d’Fra gëtt net matgeduecht. De Standard ka net méi männlech sinn!
An Zäite vu rasanter Entwécklung an de Beräicher AI (Artificiell Intelligenz) an Big Data mussen dës Lacunnen eescht geholl ginn a Fraen*, sou wéi all Mënsch dee net wäiss a männlech ass, explizitt an dës Entwécklung agebonne ginn. Et ass och wichteg ze hannerfroen weem Daten gehéieren an wéi dës benotzt ginn – amplaz vu private Firmen sollten eis Daten och eis selwer gehéieren an doriwwer eraus der Allgemengheet zugutt kommen.

Als antikapitalistesch a feministesch Organisatioun, begréissen mir di zousätzlech kloer an ëmfangräich Revendicatiounen vum Frae*streik vun dësem Joer a wëllen ënnersträichen, dass fundamental Ännerungen am System eng besser Welt fir jiddereen*t bedeite kënnen: vu Kapitalismus a Patriarchat zu enger fairer, nohalteger Gesellschaft, an där Care-Aarbecht matgeduecht gëtt!

Selwecht Akommes fir selwecht Aarbecht

Moossnamen zur Preventioun a Bekämpfung vu sexistescher a sexualiséierter Gewalt esou wéi d’Opbrieche vu gesellschaftleche Normen an Tabue fir méi sexuell Selbstbestëmmung

Aarbechtszäitverkierzung bei selwechtem Akommes:

An de leschte Joerzéngten ass d’Aarbechtszäit net signifikant erofgesat ginn a gläichzäiteg hu mer extrem vill Fäll vu Krankheeten di mat Stress zesummen hänken, wéi burn-outs an Häerzkrankheeten, verursaacht duerch ë gewënnorientéierte System. Duerch eng wierklech Aarbechtszäitverkierzung ginn déi tatsächlech Aarbechtsstonnen méi produktiv genotzt, d’Mënsche méi gesond an eis Gesellschaft kéint sech mat wichtegen Themen, am Fong a kollektiv, ausernee setzen.

De soziale Netto-Mindestloun iwwert d’Aarmutsgrenz eropsetzen:

Ee Sechstel vun de Lëtzebuerger lieft ënnert der Aarmutsgrenz, dovu betraff si virun allem Migrant*innen.

E gerechte Steiersystem, an deem Räichtum ëmverdeelt gëtt:

Als Finanzplaz mat där mer grouss Konzerner dobäi ënnerstëtzen Steieren ze ëmgoen, déi dozou bäidroen géifen dass eis Demokratie gutt fonctionéiere kann, ass keng fair oder nohalteg Akommensquell fir de Staat. 

E gutt ausgebautenen a fonctionéierenden ëffentleche Verkéier a qualitative bezuelbare Wunnraum:

Den ëffentlechen Transport gëtt statistesch gesi méi vu Fraen wéi vu Männer benotzt an hëlt deemno e wichtegen Deel an eisem Alldag an. Säit enger Woch ass den ëffentlechen Transport elo zu Lëtzebuerg gratis – dëst muss awer onbedéngt mat engem gutt fonctionéierenden, sécherem a flächendeckendem ëffentlechen Transport zesummegoen! Dat hänkt natierlech domat zesummen, wéi eis Stied a Gemengen opgebaut sinn – nämlech virun allem esou, datt een*t mam Auto fuere muss.

Mer brauchen en ausschliisslech soziale Wunnengsbau mat qualitativem Wunnraum. Andeems mer dëst fir jiddereen*t erméiglechen a gender-inklusiv a sozial Liewensraim schafen, gëtt och déi allgemeng Liewensqualitéit erhéicht. 

Wunnen duerf ni e Luxus sinn mee bezuelbare qualitative Wunnraum soll fir jiddereen*t Standard sinn! Nohaltegt Plangen, e gutt fonctionéierenden ëffentlechen Transport mat vernetztem Urbanismus an och ë konsumfräien qualitativen ëffentleche Raum maachen dëst méiglech!

Wéi eis Stied geplangt ginn, mer eis Kanner erzéien, Statistiken erfaasst ginn, mer eis Sprooch gebrauchen, Steiere benotzt ginn, den Undeel vu Fraen a Männer an verschiddenen Aarbechtspositiounen – all dës Punkten spillen eng wichteg Roll an der Entwécklung zu enger gläichberechtegter, nohalteger Gesellschaft an der Méiglechkeet dës kollektiv ze gestalten. Se treffen sech all op engem entscheedende Punkt: Kapitalismus a Patriarchat ginn zesummen a mussen dofir zesummen ofgeschaaft ginn!

An deem Sënn soe mir: All Dag 8. Mäerz! – More time. More money. More respect.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *