13 vun 105

E Bléck op d’Statistik ronderëm Fraen an der Gemengepolitik

Datt Fraen* a politeschen Institutiounen ënnervertruede si par rapport zu hirem Undeel un der Populatioun, dierft scho méi laang gewosst sinn. Wéi déif verwuerzelt de Problem awer wierklech ass, gëtt engem réischt kloer, wann een*t sech mat den Zuele beschäftegt.
Vun all de Kandidat*innen, déi fir d’Gemengewahlen ugetruede sinn, waren z.B. just knapp 32,1% Fraen*. Dat ass zwar méi wéi déi Kéiere virdrun, awer nach wäit ewech vu Representativitéit. Schliisslech maache Frae* gutt d’Halschent vun der Populatioun aus – an net just en Drëttel.
Wann een*t sech d’Resultater vun de Gemengewahlen ukuckt, gëtt den Ecart an der Representatioun nach eng Kéier e gutt Stéck méi grouss: Vun all de Gewieltene ware grad emol 21,5% Fraen*. 97,1% dovu si Lëtzebuerger*innen. 22,2% vun all de Schäfferéit si Fraen* – Buergermeeschtesche maache souguer just 12% vun der Gesamtheet aus, si sinn 13 vun 105 Persounen.

Am europäesche Verglach beweegt sech Lëtzebuerg iergendwou am Mëttelfeld.

Eleng an der Belsch an a Frankräich, ass d’Unzuel vun de gewieltene Fraen* op Gemengenniveau mat 33,6% a 35% e Stéck méi héich ewéi zu Lëtzebuerg. A Schwede maache Fraen* 41,6% vun de gewielte Gemengeréit aus an et gëtt ëmmerhin nach 26,9% Buergermeeschteschen. Am europäesche Verglach ass d’Land domat Spëtzereider.
Et gëllt also a ganz Europa, méi ze maache fir d’Representatioun vu Fraen* an der Gemengepolitik ze garantéieren – den europäesche Verglach weist awer schonn, datt d’Excuse, déi een zu Lëtzebuerg oft ze héiere kritt, Frae* “wéilte” just net politesch aktiv ginn, net gëllt. Duerch politesch Initiativ an aktiv Gläichstellungsmoossname kann de Representatiounstaux erheblech klammen – soulaang dat net am Kader vu paternalisteschen a frae*feindleche Campagnen, wéi der LSAP hir “Madame on Tour”, geschitt.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *