100% ERNEIERBAR ENERGIEN ELO!

D’Zukunft net dem fräie Marché iwwerloossen.
Den Energiesecteur an d’ëffentlech Hand!

D’Verbrenne vu fossille Ressourcen, wéi Kuel, Pëtrol an Äerdgas, verursaacht CO2-Emissiounen weltwäit an erhëtzt nieft aneren Ofgasen d’Atmosphäre säit Joerzéngten. Dëst bréngt Loftverschmotzung, Aartestierwen, méi extrem Wieder-Evenementer wéiStierm, laang Drëcheperioden an eng erhéichte Frequenz vun Héichwaasser mat sech.

Am Paräisser Klimaofkommes (2015) gouf festgeluecht, dass d’Erhéigung vun derglobaler duerchschnëttlecher Temperatur bis 2100 „däitlech ënnert 2 Grad Celsius“gehale soll ginn (am Verglach zu pre-industrielle Wäerter) – ugepeilt ginn 1,5°C.
En hallwe Grad Celsius mécht dobäi e groussen Ënnerscheed fir d’Naturverhältnisser, an domat och fir Mënschen, Déieren a Planzen. Am Moment steiere mir awer op engErwiermung vun 3 bis 4°C zou.

Bis spéitstens 2030 musse mer d’weltwäit CO2-Emissiounen em 50% senken a mirmussen Drock op d’Politiker*inne maachen, dass Klimaofkommen agehale ginn a Prioritéit sinn. Mir kennen net méi waarden a mussen esou séier wéi méiglech op100% erneierbar Energien ëmklammen!

De Verbraucher*innen muss et duerch Gesetzer einfach méiglech gemaach ginnnohalteg ze liewen! All dëst ass am Beschte machbar, wann den Energiesecteur anëffentlecher Hand ass an déi erziilt Gewënner un d’Ëffentlechkeet ginn – a net un Aktionären!

Eis Fuerderungen fir d‘Energieversuergung:

  • 100% erneierbar Energie esou séier wéi méiglech
  • Energie aspueren an e gudde Liewensstandard fir all Mënsch méiglech maachen
  • nohalteg Aarbechtsplazen fir d’Zukunft schafen amplaz vu klimaschiedlechen
  • de Finanzmaart staark reguléieren
  • kloer Gesetzer fir eng nohalteg an sozial gerecht Zukunft

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *