• De Klimawandel – eng Introduktioun

    Fir Joerdausenden ass den Taux vum CO2 (Kuelestoffdioxid) an der Loft konstant bliwwen. Kleng Schwankungen si normal, an eréischt sait mir, d’Mënschen, riseg Mengen un CO2, produzéieren an an d’Loft ausstoussen, geet den Taux vun CO2 erop. Laut der Weltorganisatioun fir Meteorologie (WMO) loung d’CO2-Konzentratioun an der Atmosphäre virun 1750, also dem Ufank vun der Industrialiséierung, bei 280 ppm (parts per million). Den Duerchschnëtt louch 1960 dunn bei 315 ppm an 2018 bei 408 ppm. Säit 1850 ass d’global Kuelestoffemissioun aus fossille Quellen steeteg an d’Luucht gaangen. Ab 1850 huet dann d’Verbrenne vu Kuel e groussen Deel zu de Kuelestoffemissiounen bäigedroen, ab 1950 Pëtrol an Äerdgas an säit 1970 ass…

  • Biji Berxwedana Rojava

    Solidaritéit mam Widderstand vu Rojava – Massaker verhënneren! Jonk Lénk huet gëschter am spéiden Nomëtteg eng Aktioun virun der tierkescher Ambassade duerchgefouert. Mat faarwegem Damp, enger Banderole an e puer Fändelen hunn sech Aktivist*inne virun d’Ambassade beginn, fir do géint d’Attacken op déi selwerverwalt kurdesch Gebidder am Norde vu Syrien, d’demokratesch Federatioun vu Rojava, ze protestéieren. Nodeems déi kurdesch Kräften, virun allem d’Volléksverdeedegungseenheete YPG an d’Fraen*-Unitéite YPJ d’Organisatioun Islamesche Staat ënner villen Affer esou gutt wéi zerschloen hunn (mir erënneren eis un de gefeierte Widderstand vu Kobane 2014), gräift d’Tierkei säit Ugangs des Joers mat hiren djihadisteschen Alliéierten de Kanton Afrin un. Ënnert den Ae vun der Weltgemeinschaft dréit e…

  • Solidaritätsmessage an die Genoss*innen in Österreich

    Et ass am gaangen ze geschéien. Zentraleuropa erlieft en staarke Rietsruck, net nëmmen huet d’AfD et an de Bundestag gepackt, an Éisträich huet sech no 17 Joer nees eng schwaarz-blo Regierung forméiert.  D’FPÖ ënnert dem Heinz-Christian Strache an d’ÖVP ënnert dem néie Bundeskanzler Sebastian Kurz sti fir Ausgrenzung, Rassismus, Antisemitismus an Ufeindunge géint Aarbechter*innen a Locatairen. Puer Beispiller: Scho befiert Schwaarz-Blo 2017 gewielt gouf, huet de Kurz sech mam Schléisse vun der Balkanroute een Numm als Ausseminister gemaach. Dës Route war bis dohin vital fir Geflüchteter, vir dem Albdram vum IS ze entkommen. De néie Bundeskanzler ass ee vun de Verfechter vun der„Festung Europa“, déi Geflüchteter zu Eindringlingen degradéiert. Ënnert…

  • Mir mussen driwwer schwätzen – Oktober 2017

    Léif Lieserin, léiwe Lieser, psychesche Krankheete sinn d’Thema vum véierte Jonk Lénk Zine – vill vun eis, eise Frënn, eisem Ëmfeld an eiser Generatioun si betraff. Mir mussen driwwer schwätze well et wichteg ass net eleng gelooss ze ginn, ze wësse wéi et deenen anere geet an dass et okay ass sech sou ze fillen. D’Thema seet awer och vill aus iwwert déi Welt an der mer liewen. Leeschtungsdrock, Uspréch an Erwaardungen, Stress a Konkurrenzkämpf, existenziell Ängschten, Vereenzelung an Isoléierung vu Mënschen, patriarchalesch a konservativ Strukturen: Psychesch Krankheeten hunn zum Deel hier Wuerzel am Fonctionnement vun eiser Gesellschaft. Et ass dowéinst ee politescht Thema a muss och als solches unerkannt ginn. Op deenen nächste Säite fënns du Texter déi…

  • Aus der Krankheet eng Waff maachen

    Zur Geschicht vum Sozialistesche Patientekollektiv (SPK) Wee psychesch Problemer huet, ass selwer Schold. Déi Vue ass an eise Gesellschaften leider ëmmer nach virherrschend. Dir geet et net gutt, du bass depressiv, bipolar, leids ënner Panikattacken? Schold bass du selwer, sinn d’Erliefnisser an denger Kandheet oder däin Ëmfeld. A wa psychesch Krankheeten näischt anescht ewéi den Ausdrock vun enger kranker Gesellschaft wieren? „Das System hat uns krank gemacht, geben wir dem kranken System den Todesstoß!“ war eng vun de Parolen vum „Sozialistesche Patientekollektiv“. Zwee Joer sinn d’Massendemonstratiounen an d’Ausernanersetzunge vun 1968 schon hier, wéi 1970 zu Heidelberg d’SPK gegrënnt gëtt. D’Studéierenderevolt ass méi oder wéineger gescheitert, vill Aktivist*innen zéien sech an…

  • Selfcare

    „Pass op dech op!“ „Erhuel dech gutt!“ héiert een*t oft, wann een*t de Réck wéi, Migräne oder sech de Fous gebrach huet. Dann léist een*t sech krank schreiwen, leet sech an d’Bett an drénkt en Téi, gënnt sech en Owend op der Couch mat engem gudde Film. Oder wann een*t e stressegen Dag hat oder no enger Trennung: dann leet een*t sech an d’Bidden, een*t aner*t spillt eng Ronn Videospiller fir de Kapp fräi ze kréien. Wéi  d’Beispiller scho weisen, heescht „sech eppes Guddes doen“ fir jiddereen*t eppes anescht. Mee wat heescht dat, wann een*t eng (chronesch) psychesch Krankheet huet? Et as eng verstoppte Krankheet, déi een*t vu baussen net…

  • Driwwer schwätzen – 2

    Mir hu verschidden Leit gefrot, eis hier Erfahrungen als Betraffener vu psychesche Krankheeten z’erzielen an dräi Froen gestallt. 4) Wat bedeit Selfcare fir dech? Cyrille: Selfcare  ass fir mech eigentlech alles, wat irgendwei dozou beidreit, dass et  mir besser geht. Mein Emfeld drop opmierksam machen wann et engkeier net  geht, mech selwer och net forceiern mais agestoen, dass een net alles  erdroen kann. Beispiller ginn et bei mir amfong och vill. Seit  September, also seit 11 Méind hun ech elo Depersonalisatioun &  Derealisatioun weinst Femmen, am Ufank war et schrecklech an do war  Selfcare fir mech, dass ech mol Paus an der Schoul gemach hunn. Well  elo net weider drop…

  • Driwwer schwätzen – 1

    Mir hu verschidden Leit gefrot, eis hier Erfahrungen als Betraffener vu psychesche Krankheeten z’erzielen an dräi Froen gestallt. 1) Wie reagiert dein Umfeld auf deine Krankheit? Marie: Die Reaktionen varieren sehr stark, je nach Person. Meine Familie nimmt mich so an, wie ich bin, in der Außenwelt ist das schon wieder anders. Im Laufe meiner Schulkarriere (ich besuche derzeit die 12. Klasse) musste ich einige Pädagogen kennenlernen, die meine Krankheit nicht akzeptiert haben und mir eher Steine in den Weg legten. Von Bekannten  musste ich mir auch schon Aussagen wie “AD(H)S gibt es nicht, das ist erfunden” und ähnliches anhören, mittlerweile tangiert es mich nicht mehr wirklich. Was bedeutet Selfcare…

  • Begrëffer

    Depressioun Eng Depressioun kann sech op vill Aart a Weise weisen. Et fillt een sech hoffnungslos, et verléiert een Interêt un Saachen di ee gär mécht an et huet ee keng Energie. Mee och Problemer mat der Konzentratioun an Appetitverloscht sinn heefeg. Aner Unzeeche sinn dass een irritéiert wierkt, beonrouegt ass, Kappwéi oder Schloofstéierungen huet. Angschtzoustänn / Anxiety Angschtzoustänn betreffen d’Gehir an deem Sënn dass Decisiounen engem schwéier falen a vill Situatioune schonn am Virfeld wei eng Gefor wierken, obwuel et kee Grond dozou gëtt. Mee och de Kierper weist eng staark Reaktioun andeems d’Häerz méi schnell klappt, et fänkt een un mat zidderen an schweesse an et fillt een…